Infirmier*ère

Allgemeng Definitioun

Eng Infirmière/en Infirmier suergt duerfir, datt d'Fleeg de Fortschrëtter an der Medezin, an der Fleegwëssenschaft gradewéi der Entwécklung vun der Technologie a vun der Digitaliséierung entspriechend ausgefouert gëtt.

Hautdesdaags muss si/hien am Mëttelpunkt vum Gesondheetsberäich Autonomie a Féierungskompetenze weisen. Duerch hir klinesch Urteelsfäegkeet awer och duerch hir mënschlech Eegenschafte sinn d'Infirmieren an Infirmièren an engem Gesondheetssystem, dee gutt funktionéiere soll, onverzichtbar Aarbechtskräften.

D'Fleeg berout op schlëssege wëssenschaftlechen Daten (Evidence Based Nursing an Evidence Based Medicine) gradewéi op den Erfarungen an Erliefnesser vun de Patienten. Zesumme mat de Membere vun der Fleegequipe schafft den Infirmier op Eegeninitiativ Fleegprotokoller aus. 

Aufgaben a Verantwortung

Ee vun den zentrale Wäerter ass d'Empathie fir de Patient a fir säin Ëmfeld, awer och fir sämtlech Membere vun der Equipe. Weider Schlësselkompetenzen, fir dëse Beruff auszeüben, sinn déi emotional Intelligenz an dat kritescht Denken.

Eng Infirmière/en Infirmier muss och intellektuell virwëtzeg sinn an Ausdauer a Flexibilitéit weisen, fir de Patient a säin Ëmfeld beschtméiglech ze begleeden an ze ënnerstëtzen. Mat der verstäerkter Verfügbarkeet vun Technologien, wéi déi kënschtlech Intelligenz (KI) an héichmodernen Equipementer, entwéckelen dës Aarbechtskräfte weider Kompetenzen.

Eng Infirmière/en Infirmier ass fir d'Gesondheetsfërderung e wichtegen Agent. Gläichzäiteg begleet si/hie Fleegempfänger um Liewensenn an e féiert Palliativfleeg duerch.

Ausserdeem bedeelegt si/hien sech un der Begleedung an un der Ausbildung vu Schüler, Studenten an neie Mataarbechter. Doriwwer eraus kann hien sech och an der Recherche am Beräich vun der Fleeg abréngen.

Aktivitéitsberäicher

  • An engem Spidolsëmfeld féiert d'Infirmière/den Infirmier d'Fleeg bei de Patienten duerch. Awer eng Infirmière/en Infirmier an der allgemenger Fleeg muss och Managerqualitéiten hunn, fir déi pluridisziplinär Equipe bei der Verwaltung vun de Betreiungsmoossnamen ze koordinéieren.
  • An enger Wunnstruktur fir eeler Leit iwwerhëlt eng Infirmière/en Infirmier déi selwecht Aufgaben a betreit ausserdeem de Bewunner a säin Ëmfeld op enger wichteger Etapp vun hirem Liewen. Deemno wéi iwwerhëlt si/hien och d'Vermëttlung tëscht deene verschiddene Betreiungsstrukturen.
  • An den Netzwierker fir Hëllefsdéngschter a Fleeg doheem organiséiert si/hien déi ganzheetlech Betreiung vum Empfänger, si/hien iwwerhëlt d'Fleeg an hien/si suergt duerfir, datt de Patient esou laang ewéi méiglech a sengem gewinnten Ëmfeld bleiwe kann.
  • Si/hie kann och als Fräiberuffler am Beräich vun der Behënnerung a bei staatlechen Ariichtunge wéi medezinesch Déngschter a Schoulen, a medezinesch-sozialen Zentren, an Dokteschpraxissen oder och nach bei internationalen Organisatioune wéi Médecins sans frontières (MSF) schaffen.

Ausbildung zu Lëtzebuerg

  • Brevet de Technicien Supérieur (BTS) mention infirmier responsable de soins généraux oder
  • Bachelor (gëtt vun 2024/2025 un op der Uni.lu ugebueden)

D'Ausbildung entsprécht der EU-Richtlinn 2005/36/CE an erméiglecht eng automatesch Diplomunerkennung an deenen aneren EU-Memberstaaten.

Verlaf vun der Ausbildung

  • Am LTPS: BTS mat enger Dauer vu 4 Joer, dovunner 2 Joer ënnert der Fiederféierung vum Bildungsministère (Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse) an 2 Joer ënnert der Fiederféierung vum Héichschoulministère (Ministère de l'Enseignement supérieur et de la Recherche)
  • Op der Uni Lëtzebuerg:
    Bachelor mat enger Dauer vun 3 Joer
  • Den Ausbildungsprogramm besteet aus theoretesche Coursen (theoretesch an am Labo) an enger klinesch-praktescher Ausbildung.
  • Déi klinesch-praktesch Ausbildung verleeft op de Fleegstatiounen an de Spideeler, an de Betreiungsstrukture fir eeler Leit, bei den Déngschtleeschter fir Hëllef a Fleeg doheem an an anere Gesondheetsinstitutiounen.

Méiglech Spezialisatiounen nom Ofschloss mam Diplom vum Infirmier/vun der Infirmière an der allgemenger Fleeg