Alexandra, Infirmière an der allgemenger Fleeg

D'Alexandra ass zanter zwee Joer responsabel Infirmière an der allgemenger Fleeg am Senioren- a Fleegeheem Beim Goldknapp. Dat ass eng vun den Ariichtunge vun der ALA (Association Luxembourg Alzheimer), wou Leit mat enger Demenz betreit ginn. D'Alexandra erkläert eis, wat si motivéiert huet, dëse Beruff mat eelere Leit auszeüben. Si erzielt och vun hire Studien a vun hirem gutt gefëllten Alldag mat de Bewunner a mat all deenen, déi si ëmginn.