Claude, Infirmier an der allgemenger Fleeg

De Claude ass zanter zwanzeg Joer Infirmier an der allgemenger Fleeg. Dovunner huet hien der véierzéng am Rehazenter an der Reeducatioun verbruecht. Hie war nach ëmmer virwëtzeg an en entdeckt gären nei Saachen. Säi Beruff bitt him d'Méiglechkeet, bei verschiddenaartegen Aktivitéite matzemaachen, wärend e sech ëm d'Fleeg vun de Patienten a sengem Service këmmert.