Infirmier*ère an Anästhesie a Reanimatioun

Allgemeng Definitioun

D'Infirmière/den Infirmier an Anästhesie a Reanimatioun fleegt Patienten an engem kriteschen Zoustand, déi op Intensivstatiounen, an Operatiounssäll oder an der Noutopnam betreit ginn, an si/hie féiert medezinesch Noutfalltransporter duerch.

Aufgaben a Verantwortung

Am Operatiounssall hëlleft si/hien d'Anästhesie duerchzeféieren an si/hien iwwerwaacht de Patient wärend deem ganze chirurgeschen Agrëff an duerno am postoperativen Iwwerwaachungsraum. Op der Intensivstatioun schafft si/hien an enger pluridisziplinärer Equipe, déi d'Fleeg vu Patienten an engem kriteschen Zoustand iwwerhëlt.

Si/hie gräift a liewensbedroleche Situatiounen och bei der Péngbehandlung an. Ausserdeem bedeelegt si/hien un der Begleedung an un der Ausbildung vu Schüler, Studenten an neie Mataarbechter an si/hie bréngt sech an der Recherche a sengem Aktivitéitsberäich an.

Wärend senger ganzer berufflecher Karriär muss si/hien Equippegeescht weisen. Si/hie muss seng Kompetenzen ënner egal wéi engen Ëmstänn an den Déngscht vun anere setzen an ausserdeem flexibel a kreativ si kënnen. Si/hien ass ëmmer matzendran an si/hie weess ni, wat si/hie bei hirem/sengem nächsten Asaz erwaart.

Aktivitéitsberäicher

D'Infirmière/den Infirmier an Anästhesie a Reanimatioun schafft an engem Spidol, op der Intensivstatioun, op enger Statioun fir Anästhesie, am Operatiounssall a beim SAMU (Service d'aide médicale urgente) ënner anerem fir Asätz dobaussen.

 

Ausbildung zu Lëtzebuerg

  • Zanter September 2023 bitt d'Uni Lëtzebuerg e Bachelor (Bachelor en Sciences infirmières – Spécialité : Infirmier en anesthésie et réanimation) un.
Bédengungen, fir ugeholl ze ginn
  • BTS soins infirmiers zu Lëtzebuerg, Diplôme d'infirmier responsable de soins généraux, Diplôme d'Etat infirmier oder all anere Beruffstitel fir Infirmieren, deen als equivalent unerkannt ass (*Unerkennung vu 60 ECTS, déi et erlaben, an dat zweet Joer vum Bachelor ugeholl ze ginn)
  • B2-Zertifikat am Franséischen an am Däitschen

Verlaf vun der Aubildung

D'Ausbildung dauert 2 Joer a Vollzäit. Si gëtt op Franséisch (70%), op Englesch (10%) an op Däitsch (20%) gehalen. Dës Bachelor-Ausbildung besteet aus engem villfältegen theoreteschen Deel, an deem déi verschidden (empiresch, ethesch, ästhetesch, perséinlech an emanzipatoresch) Kenntnisser vun den Infirmiere betruecht ginn, an engem prakteschen Deel an engem spezialiséierte Kontext.