Medezinesch-technesch*e Chirurgie-Assistent*in

Allgemeng Definitioun

D'medezinesch-technesch Chirurgie-Assistentin/de medezinesch-technesche Chirurgie-Assistent gehéiert zum OP-Team. Als enke Mataarbechter vum Chirurg bedeelegt e sech un der Duerchféierung vun deene verschiddenen Etappe vu chirurgeschen Agrëffer am Operatiounssall an op sämtleche Plazen, wou invasiv Interventioune fir Diagnos- an/oder fir Therapiezwecker duerchgefouert ginn. An deem Kontext kann en dräi Funktiounen iwwerhuelen: Instrumentalist, Infirmier an OP-Assistent.

Si/hie schafft an engem mënschlechen Ëmfeld mam Patient a mat der medezinescher Fleegekipp. D'medezinesch-technesch Chirurgie-Assistentin/de medezinesch-technesche Chirurgie-Assistent spillt an der pluridisziplinärer Ekipp eng wichteg Roll. Fir de Patient ass en eng Vertrauenspersoun an engem Moment vun Angscht oder Ongewëssheet.

Aufgaben a Verantwortung

D'medezinesch-technesch Chirurgie-Assistentin/den medezinesch-technesche Chirurgie-Assistent këmmert sech ëm den Ëmfang vun der Persoun, déi operéiert muss ginn, si/hien informéiert se an si/hie begleet se wärend an nom chirurgeschen Agrëff. Si/hien suergt fir d'Sécherheet an duerfir, datt de Patient sech wuel fillt an datt en déi néideg Fleeg kritt, fir datt säi Gesondheetszoustand sech verbessert.

Als Instrumentalist an als Infirmier am Operatiounssall verwalt d'medezinesch-technesch Chirurgie-Assistentin/den medezinesch-technesche Chirurgie-Assistent sämtlech medezinesch Apparater an d'Medikamenter, déi wärend dem chirurgeschen Agrëff benotzt ginn, zum Beispill de Roboter, d'Accessoirë fir d'Roboterchirurgie, d'Instrumenter an d'Medikamenter bei Häerzoperatiounen oder de Laser.

Als Assistent begleet si/hien de Chirurg wärend dem chirurgeschen Agrëff, zum Beispill bei der Gebuertshëllef wärend engem Keeserschnëtt.

D'medezinesch-technesch Chirurgie-Assistentin/Den medezinesch-technesche Chirurgie-Assistentin iwwerwaacht, datt d'Norme vun der Sécherheet a vun der Hygiène am Operatiounssall agehale ginn, an en dokumentéiert se. Nom chirurgeschen Agrëff bleift si/hie fir de Patient eng Bezuchspersoun an si/hien informéiert en iwwert de Verlaf an iwwert d'Follge vun der Operatioun.

Op der Sterilisatiounsstatioun ass d'medezinesch-technesch Chirurgie-Assistenin/den medezinesch-technesche Chirurgie-Assistent fir sämtlech Prozesser zoustänneg, déi dozou déngen, dat sterilt an net sterilt medezinescht Material konform virzebereeden.

Ausserdeem kann si/hien sech ëm den Empfang an ëm déi pädagogesch Betreiung vu Studenten an neie Mataarbechter këmmere grad ewéi ëm d'Qualitéitskontroll, ëm d'Aschätzung vun den duerchgefouerte Fleegmoossnamen, ëm d'Organisatioun vun den Aarbechtsprozesser an ëm d'Recherche an den entspriechende Beräicher.

Aktivitéitsberäicher

  • am Operatiounssall am Spidol
  • op alle Plazen, wou invasiv Interventioune fir Diagnos- an/oder fir Therapiezwecker duerchgefouert ginn, zum Beispill an ambulanten Ariichtungen, wou Operatiounen an Endoskopië vum Verdauungstrakt, vum Harntrakt a vun den Otemweeër praktizéiert ginn, oder a Poliklinicken
  • op Sterilisatiounsstatiounen a Spideeler oder an der Industrie
  • bei Fournisseure vun implantéierbarem Material, zum Beispill vun orthopädesche Protheesen

Ausbildung zu Lëtzebuerg

Zanter September 2023 bitt d'Uni Lëtzebuerg e Bachelor (Bachelor en sciences infirmières spécialisées – ATM de chirurgie) un.

Bedéngungen, fir ugeholl ze ginn
  • BTS soins infirmiers zu Lëtzebuerg, Diplôme d'infirmier responsable de soins généraux, Diplôme d'Etat infirmier oder all anere Beruffstitel fir Infirmieren, deen als equivalent unerkannt ass (*Unerkennung vu 60 ECTS, déi et erlaben, an dat zweet Joer vum Bachelor ugeholl ze ginn).
  • B2-Zertifikat am Franséischen an am Däitschen.

 

Verlaf vun der Ausbildung

  • D'Ausbildung dauert 2 Joer a Vollzäit. Si gëtt op Franséisch (70%), op Englesch (10%) an op Däitsch (20%) gehalen. Dës Bachelor-Ausbildung besteet aus engem villfältegen theoreteschen Deel, an deem déi verschidden (empiresch, ethesch, ästhetesch, perséinlech an emanzipatoresch) Kenntnisser vun den Infirmieren betruecht ginn, an engem prakteschen Deel an engem spezialiséierte Kontext.