Aide-soignant*e

Allgemeng Definitioun

D'Aide-soignante/den Aide-soignant ass eng Fachkraaft am Gesondheetswiesen, där hir Spezialisatioun d'Fleeg am Alldag ass, an de Beräicher vum Erhalen a vum Weiderféiere vum Liewen.

Si/hien iwwerhëlt Fleegmoossnamen, déi dozou déngen, eng gesond Onofhängegkeet ze fërderen, se ze schützen, se ze erhalen oder se nees hierzestellen.

D'Aide-soignante/den Aide-soignant bedeelegt sech un der präventiver, kurativer a palliativer Fleeg.

Si/hien steet am Mëttelpunkt vun enger privilegiéierter Laangzäitbezéiung mam Patient a mat sengem Ëmfeld/senger Famill. Vun hinne kritt si/hien eng grouss Unerkennung fir d'Ënnerstëtzung a fir d'Hëllef, déi de Patient vun hir/him bei alldeeglechen Aktivitéite kritt, déi en eleng net ausféiere kann.

Aufgaben a Verantwortung

D'Aide-soignante/den Aide-soignant suergt duerfir, datt de Patient esou onofhängeg bleift a sech esou wuel fillt ewéi méiglech. Si/hien handelt an de Beräicher vun der Ernierung, vun der Mobilitéit, vun der Hygiène a vum Wuelbefannen, awer och an deene vun der Präventioun, vun der Fërderung a vum Erhale vun der Gesondheet.

D'Aide-soignante/den Aide-soignant verbréngt vill Zäit mam Patient an si/hien ass ganz no bei him, och a Momenter, wou de Patient ganz empfindlech ass. Si/hien ass och dacks en Vertrauten an si/hien went Kommunikatiounsmethode wéi dat aktiivt Nolauschteren un, fir de Patient sengem Gesondheetszoustand entspriechend mat deeglecher Fleeg ze ënnerstëtzen.

Aktivitéitsberäicher

  • A Spideeler

  • A Wunnstrukture fir eeler Leit
  • Bei Déngschter fir Hëllef a Fleeg doheem
  • An Zentre fir Alterspsychiatrie 
  • A bei Déngschter fir Leit mat enger Behënnerung

 

Grondausbildung

  • No der Ausbildung zum Aide-soignant/zur Aide-Soignante kritt een en DAP (Diplôme d'aptitude professionnelle).

De Verlaf vun der Ausbildung

Dauer: 3 Joer

  • Den Ausbildungsprogramm besteet aus enger berufflecher Ausbildung (Theorie, Labo a Praxis) an enger allgemenger Ausbildung, déi a Form vu Modüllen ugebuede gëtt.
  • Déi theoretesch Modülle ginn an enger Schoul ugebueden. Déi praktesch Modülle ginn an engem berufflechen Ëmfeld, mat engem Praktikumskontrakt ausgefouert. Eent vun de wichtegen Elementer vun dëser Ausbildung sinn d'Simulatiounen, besonnesch déi mat speziell ausgebilten Acteuren, am LTPS.
  • Fir an der Ausbildung weiderzekommen a fir den Diplom ze kréien, muss een en Tëschebilan um Enn vum éischte Joer, en Ofschlossbilan um Enn vum drëtte Joer an en integréierten Ofschlossprojet bestoen.
  • An der Ausbildung zur Aide-soignante/zum Aide-soignant heeschen d'Stagen Enseignement pratique (ENSPR). Dës ginn haaptsächlech a Fleegeheemer, a Foyeren, a Wunnstrukture fir Leit mat enger Demenz, bei Déngschter fir Hëllef doheem a bei Déngschter fir Leit mat enger Behënnerung duerchgefouert. Déi praktesch Ausbildung an engem Spidol ass fir d'Schüler fakultativ.

 

Aner Ausbildungsweeër

  • Aide-soignant·e en cours d'emploi
    D'Ausbildung zur Aide-soignante/zum Aide-soignant op der Aarbechtsplaz riicht sech u Leit, déi eng gewësse Beruffserfarung an der Fleeg hunn, awer d'Méiglechkeet net haten, d'Grondausbildung ze maachen.
  • Aide-soignant·e en apprentissage pour adultes
    D'Ausbildung zur Aide-soignante/zum Aide-soignant an der Erwuessenebildung ass eng dual Ausbildung, déi sech u Leit riicht,
  • déi op d'mannst 18 Joer al sinn,
  • déi d'Schoul zanter op d'mannst zwielef Méint verlooss hunn,
  • déi zanter op d'mannst zwielef Méint beim CCSS (Centre commun de la sécurité sociale) ugemellt sinn.