Stéphanie, Infirmière an Enseignante

D'Stéphanie krut 2009 hiren Diplom als Infirmière an der Pediatrie. Duerno huet si e puer Joer laang an engem Spidol geschafft. Dunn huet si an Däitschland en Héichschoulstudium ugefaangen, dat si 2017 mat engem Bachelor an der Krankefleeg ofgeschloss huet. Zanter September 2019 hält si Coursen am LTPS. Si erzielt eis vun hirer Erfarung, si erkläert, wéi se hir Coursen organiséiert, a si deelt eis hir Begeeschterung fir hire Beruff mat.