Infirmier*ère an der Pediatrie

Allgemeng Definitioun

Eng Infirmière/en Infirmier an der Pediatrie ass d'Bezuchspersoun fir d'Betreiung vun engem gesonden oder kranke Kand vun 0 bis 18 Joer. Si/hie fleegt d'Kand, si/hie këmmert sech ëm et an si/hie begleet och seng Elteren a säin Ëmfeld.

All hir/seng Handlunge gi bestëmmt vun der Suerg ëm dem Kand säi Wuelbefannen a seng Entwécklung gradewéi ëm d'Erhale vu senger Gesondheet oder ëm seng Rekonvaleszenz, an zwar an enkem Kontakt mat den Elteren an/oder mam Kand senge Bezuchspersounen.

Aufgaben a Verantwortungen

D'Infirmière/den Infirmier an der Pediatrie betreit d'Kand a seng Famill, déi dacks net op Krankheetsfäll virbereet sinn. An dësem Beruff muss een héijen techneschen Uspréch gerecht ginn. En zeechent sech duerch eng Spezifizitéit aus, déi mat der "klenger" Anatomie vun de Kanner a mam benotzte Material zesummenhänkt.

Wärend mëttellaangen oder laange Betreiungsdaueren huet si/hien eng zentral Aufgab, fir d'Bezéiung tëscht den Elteren an dem Kand ze stäerken.

 

D'Infirmière/den Infirmier an der Pediatrie huet d'Aufgab, d'Kand a seng Elteren ze informéieren an d'Elteren op d'Gesondheet vun hirem Kand opmierksam ze maachen. Ausserdeem iwwerhëlt si/hien d'Fleeg vun de Kanner an der Reanimatioun an/oder op der Intensivstatioun.

Si/hie bedeelegt sech un der Begleedung an un der Ausbildung vu Schüler, Studenten an/oder neie Mataarbechter. Si/hie kann sech och an der Recherche am Beräich vun der Fleeg an der Pediatrie abréngen. D'Aarbecht an der Equipe an d'Transversalitéit sinn also entscheedend Bestanddeeler fir den Erfolleg an dëser Karriär.

Aktivitéitsberäicher

  • An de Spidolsstatioune fir Kanner, bei den Déngschter fir Hëllef a Fleeg doheem oder am Behënnerteberäich ass si/hie fir d'Organisatioun a fir d'Ausféierung vun enger u Kanner vun all Alter ugepasste Fleeg zoustänneg an si/hie schafft an enger pluridisziplinärer Equipe.
  • An enger Maternité, an enger Crèche oder an engem medezinesch-sozialen Zenter hëlt si/hien Entscheedunge betreffend Präventiouns-, Erzéiungs- oder Bezéiungsmoossnamen, fir d'Sécherheet, d'Wuelbefannen an d'Bezéiungen ze erhalen, déi fir dee beschtméiglechen Entwécklungsprozess vum Kand noutwenneg sinn.
  • An der Neonatologie an op der Intensivstatioun fir Kanner ass si/hien déi qualifizéiert Aarbechtskraaft, déi sech ganzheetlech ëm eng Fréigebuert, ëm en Neigebuerenen, ëm e Kand an ëm seng Elteren an Nout këmmere kann, souwuel ënnert engem techneschen ewéi och ënnert engem tëschemënschlechen Aspekt.

Ausbildung zu Lëtzebuerg

  • Zanter September 2023 bitt d'Uni Lëtzebuerg e Bachelor (Bachelor en Sciences infirmières – Spécialité : Infirmier en pédiatrie) un.
Bédengungen, fir ugeholl ze ginn
  • BTS soins infirmiers zu Lëtzebuerg, Diplôme d'infirmier responsable de soins généraux, Diplôme d'Etat infirmier oder all anere Beruffstitel fir Infirmieren, deen als equivalent unerkannt ass (*Unerkennung vu 60 ECTS, déi et erlaben, an dat zweet Joer vum Bachelor ugeholl ze ginn)
  • B2-Zertifikat am Franséischen an am Däitschen

Verlaf vun der Ausbildung

  • D'Ausbildung dauert 2 Joer a Vollzäit. Si gëtt op Franséisch (70%), op Englesch (10%) an op Däitsch (20%) gehalen. Dës Bachelor-Ausbildung besteet aus engem villfältegen theoreteschen Deel, an deem déi verschidden (empiresch, ethesch, ästhetesch, perséinlech an emanzipatoresch) Kenntnisser vun den Infirmiere betruecht ginn, an engem prakteschen Deel an engem spezialiséierte Kontext.