Matdeelung vun der Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet

Als Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet ass et mer eng Éier, Iech op dëser Plattform ze begréissen, op där et ëm déi berufflech Méiglechkeeten am Gesondheetsberäich geet. Wann Dir momentan am Lycée sidd, studéiert oder amgaang sidd, Iech berufflech nei ze orientéieren, da fannt Dir hei wäertvoll Informatiounen iwwer déi villsäiteg Karriären, déi dëse Secteur ze bidden huet.

De Site huet d’Missioun, Iech ze orientéieren, Iech ze motivéieren an Iech op Ärem Wee an déi jeeweilege Karriären, déi dagdeeglech e bedeitenden Impakt hunn, ze ënnerstëtzen. Huelt Iech also Zäit, fir de Site ze entdecken an Iech vun deene ville Méiglechkeeten inspiréieren ze loossen, an zéckt net, eis ze kontaktéieren, wann Der Froen hutt.

Är Zukunft am Gesondheetsberäich fänkt elo schonn un. Ech wënschen Iech vill Spaass beim Entdecken!