Matdeelung vun de wichtegen Acteuren

An der Fleeg schaffen heescht mat Mënsche schaffen: si ënnerstëtzen a begleeden, nolauschteren an de néidegen Halt gi, fir datt si sou laang wéi méiglech hir Autonomie a Selbstbestëmmung behalen. An der Fleeg schaffen heescht vill ze ginn, a ganz vill erëm ze kréien.

Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil

Als gréissten Employeur am Gesondheetssecteur, encouragéieren d’Membere vun der COPAS Jonker e Beruff am Pfleegesecteur ze ergräifen, deen eng ganz mënschlech Dimensioun  offréiert. Et besteet e grousse Besoin u qualifizéiertem a motivéierte Personal, fir eng optimal Fleeg kennen ze erméiglechen. Zudeem bitt sech hinnen eng sécher Aarbechtsplaz an engem innovativen Ëmfeld, wat vill Méiglechkeete bitt sech weiderzeentwéckelen.

Marc Fischbach, President vun der Copas (Fédération des organismes prestataires d'aides et de soins)

E Gesondheetsberuff léiere bedeit fir d'éischt bereet ze s sinn fir sech selwer a Fro ze stellen, a Bezuch zum Erliewen vu Situatiounen am Stage, da musst een e zolitten Hannergrond vun theoretesche Wëssen kréien, deen d'Basis fir d'Acquisitioun vu professionelle Gesten an Haltungen ass, an wat dann eng autonom Aarbecht erlaabt.

Maly Goedert, Direktesch vum LTPS (Lycée Technique pour Professions de santé)

D’Leit em déi dir iech këmmert, vergiesse vläicht ären Numm, mee net wéi dir iech em si gekëmmert hutt. Aide-Soignant(e) ze ginn, heescht ee passionéierte Beruff wielen, andeems een anere Leit hëllefe kann.

Danielle Koob, Presidentin vun der ALAS (Association luxembourgeoise des aides-soignantes (ALAS)

Gesondheetsberuffer si Beruffer mat Mënschen a fir Mënschen. Wou een eppes vu sech selwer gëtt a ganz vill zréck kritt. Oft sinn et déi kleng mënschlech Momenter, déi den ustrengenden Job esou wäertvoll maachen.

Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

Déi vill aktuell an zukünfteg Gesondheetsberuffer si faszinant. Net nëmme well s'all dat Allerdéifst am Mënsch betreffen. Och well s'et erméiglechen, sech fir déi wëssenschaftlech an technologesch Entwécklungen an der Fleeg, an der Medezin an an der Chirurgie z'intresséieren, sech vun der permanenter Innovatioun a vun der Aarbecht an enger multiprofessioneller Equipe stimuléieren ze loossen, vun der stänneger Entwécklung vu sengen eegene Kompetenzen a Funktioune motivéiert ze ginn, vun der Villfalt vun den Ausübunge vu sengem Beruff ugezunn an duerch déi sécher Aarbechtsbedéngunge berouegt ze sinn. Zéckt net, e faszinante Beruff ze wielen, deen nëtzlech a sënnvoll ass!

 

Dr Philippe Turk, President vun der FHL (Fédération des hôpitaux luxembourgeois)

Gesondheetsberuffer si vill méi wéi einfach Beruffer: an der Praxis sinn Nolauschteren, Empathie a Respekt op d'mannst esou wichteg wéi d'Behandlunge selwer. Deemno stellen d'Gesondheetsberuffer de Grondstee vun eisem Gesondheetssystem duer. All Effort fir eng besser Formatioun an eng méi grouss Ënnerstëtzung fir dës Beruffer ass en Effort zugonschte vun der gesellschaftlecher Resilienz a vun engem besseren,  gemeinsame Wuelbefannen.

Stéphanie Obertin, Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul